Theatre

« Le soir où l’on est sur scène, quand les gens regardent, applaudissent et rient sur les blagues, on est fier de soi-même. » Citation d’un élève
Op enger Bühn ze stoen, eng Erausfuerderung unhuelen, nei Leit kenneléieren, an eng aner Roll schlüpfen: Dat ass d’Optioun Theater. Doriwwer eraus léieren d’Schüler Otem- a Stëmmtechniken an iwwerwannen hir Angscht viru Leit ze schwätzen. Och hannert der Bühn ass Aarbecht am Beräich Technik, Maquillage oder Dekoren. Dëst ass eng Geleeënheet d’Schoul vun enger anerer Säit ze erliewen. Zesumme mat der Chorale probéiere mir all Joer e flott Stéck ze fannen an et op d’Bühn ze bréngen.
„Wann een dann Owes op der Bühn steet, Leit kucken engem no, applaudéieren a laachen iwwert d‘Witzer, dann ass ee stolz op sech selwer.“ (Zitat Schüler)

2019: Theaterowend am ECG: Macdéngens
13.03.2019Eisen Theaterowend war erëm e riesen Erfolleg! En grousse Merci un Schüler, déi hir Rolle perfekt gespillt hunn, an un eis Chorale, déi deen Owend musikalesch begleet huet. En riise Merci geet awer och un all déi aner engagéiert Proffen an un eise motivéierte Service technique, ouni déi deen Owend net esou perfekt ofgelaf wär!!!
Read more

2018: Filmrass – gefeiert gëtt gëschter
03.07.2018D’Theatergrupp, ënnert der Leedung vun der Madame Ariane Rick an der Madame Anne-Claire Scheifer, an d’Chorale, ënnert der Leedung vun der Madame Simone Martiny an der Madame Caroline Klensch, hunn engem zefriddenen Publikum hier Talenter gewisen.
Read more

2016: De Koffer
21.04.2016Ënner der Regie vun de Professeschen Ariane Rick, Anne-Claire Scheifer an Tessy Zoller huet den nei geformten Theatergrupp vum ECG d'Theaterstéck "De Koffer" op eng méi wéi gelongen Aart a Weis opgefouert.
Read more