skip to main content skip to main menu

Youth Merit

Mérite Jeunesse G.-D. de LuxembourgLe Mérite fait partie d’un programme international ouvert à tous les jeunes âgés de 14-24 ans qui est le leader mondial des distinctions d’excellence pour les jeunes. Le Mérite prépare les jeunes pour réussir dans leur vie, sans distinction d’origine, de culture, de capacité physique, de compétences et d’intérêts.
Le Mérite encourage le développement personnel du jeune, et le programme est adaptable aux intérêts et compétences de chacun.
Le concept du Mérite est celui du défi personnel. Il offre au jeune un programme équilibré d’activités volontaires qui favorisent la découverte de soi et l’épanouissement du jeune, son indépendance, sa persévérance, son sens de responsabilité envers soi-même et son service pour la communauté. Il choisit un Bénévolat, un Sport, un Talent et il participe à une Expédition.
Si vous voulez participer à cette activité, contactez le tuteur de l’ECG :
Max Espen:
L’activité n’a pas lieu tous les lundis, mais sur RDV.

De Mérite Jeunesse Luxembourg ass fir Schüler tëschent 14 a 24 Joer geduecht a gehéiert zur weltwäit féierender Organistioun „The Duke of Edingburgh’s International Award“.
Et geet dorëms verschidde Beräicher am Liewe kennen ze léieren. Et engagéiert een sech am Fräiwëllegendéngscht, et beweegt een sech an et huet een d’Méiglechkeet sech nei Talenter unzëeegenen. D’Kréinung vun dësem Projet ass den Hike, deen dir selwer mat Hëllef vun ärem Tuteur organiséiert. Hei geet et dorëms, an der Natur ouni Luxus eens ze ginn an dat ass soumat mat vill Abenteuer a Spaass verbonnen.
Wann s du Schüler am ECG bass a wëlls beim Mérite Jeunesse matmaachen, dann zeck net a mell dech per Mail bei dengem Tuteur:
Max Espen:
Dës Aktivitéit fënnt net all Woch statt, mee mir treffen eis mat dir fir iwwert deng eegen Entwécklungen ze schwätzen a maachen ëmmer individuell nei Terminer aus.

Céremonie de remise des insignes

06.03.2024

Am Kader vum Mérite Jeunesse goufen de 5ten März 6 Schüler aus dem ECG op der “Céremonie de remise des insignes” am Forum Campus Geesseknäppchen geéiert a kruten hier Sëlwermedail vum President S.A.R. Prënz Guillaume iwwerreecht.

Read more



Infostand Mérite Jeunesse

12.10.2023

Den 11.10.2023 hunn 3 Participante vum Mérite Jeunesse mat Ënnerstëtzung vun hirem Tuteur en Infostand ofgehalen.

Et huet e flotten Echangë tëscht neien a bestoenden Participante stattfonnt, sou dass een sech op e weidert flott Joer zesumme ka freeën.

Wann dir iech nach wëllt umellen, oder weider Informatioune bezüglech dem Mérite Jeunesse braucht, da mëllt iech beim Max Espen am Sepas.

Read more



Expéditiounshike

10.07.2023

Nodeems déi dësjaereg Participanten vum Mérite Jeunesse hier Preparatiounsexpeditioun am Mäi 2023 absolvéiert hunn, stoung den 7.7.2023 – 9.7.2023 dann och den finalen Expeditiounshike um Programme.
Hei huet sech den Gruppe aus 3 Schüler aus dem LGE an 5 Schüler aus dem ECG nees zesummefonnt, fir gemeinsam d’Éislek ze erfuerschen.
Trotz extrem waarmen Wierderbedingungen, hunn sie hiren Wee fonnt an konnten gemeinsam hier Expeditioun erfollegräich ofschléissen.

Read more



Portrait vum Monica Marthinho op RTL

21.04.2023

Série Mérite Jeunesse am „De Magazin“ op RTL vum 20 ten Abrëll 2023

Read more



Finalen Expéditiounshike

27.09.2022

Am Kader vum Mérite Jeunesse, hunn d’Martina Disciglio (2GMM1) an d’Mariana Melo Santa Rosa (2GCG) de Weekend vum 23. September 2022 hire finalen Expéditiounshike absolvéiert.

Bei dësem hunn sie a Kollaboratioun mat Schüler aus dem LGE, 2 Nuechten dobaussen am Zelt verbruecht a sinn 3 Deeg mam Rucksak, Kompass a Kaart duerch den Minett gehiked.

Mam Gaskocher gouf och eemol den Dag fir eng waarm Moolzecht gesuergt esou dass sie gestäerkt dës 3 Deeg gutt iwwerstoe konnten.

Read more