passer au contenu principal passer au menu principal

Présentation du projet “Montale” à la commune de Luxembourg

L'entrepreneuriat à l'ECG | 21.05.2019

Dënschdes den 21. Mee haten Schüler aus der 3GCM2 d’Éier vun der Madame Véronique Scheer, responsable du développement économique & commercial et des relations internationales, ob Stader Gemeng invitéiert ze ginn vir do hiren Projet vun dësem Schouljoer virzestellen.

Am Kader vum Schoulfach Entrepreneuriat haten Schüler vir d’Geschäft Montale an der Stad eng Ouverture organiséiert. Madame Scheer an den Herr Wilmes, éischten Schäffen vun der Stad Lëtzebuerg, hunn sech Zäit geholl den ganzen Oflaf vun dësem Projet gewuer ze ginn. Mir soen Merci vir deen frëndlechen Empfang an déi Zäit déi sech Madame Scheer an den Herr Wilmes vir Schüler aus dem ECG geholl hunn. (Ewen Marylène) (Fotoen: Ville de Luxembourg)




» photos