passer au contenu principal passer au menu principal

Visite vun der Cité Judiciaire

ES | 16.06.2026

Eis véier 3GCM-Klassen haten d’Geleeënheet, am Kader vum Droit-Cours eng Visite an der Cité Judiciaire ze maachen.
Während dëser Visite konnten d’Schüler reell Geriichtsprozesser matverfollegen an haten d’Méiglechkeet, Froen ze stellen an d’Aarbecht vun der Justiz besser kennenzeléieren.
Nodeems si am Cours schonn déi theoretesch Grondlage vum Droit behandelt haten, war dës Visite eng flott Geleeënheet, Theorie a Praxis mateneen ze verbannen.
Mir soen der Cité Judiciaire e grousse Merci fir dëse flotten an léierräiche Moien.




» photos