
Visitt vun der Directrice vun der Stëmm vun der Stroos
ES | 19.11.2025Am Kader vum Cours Vie et société mam Thema „Engagement et solidarité dans la société civile“ hat d‘Klass 3CN viru kuerzem d’Geleeënheet, d’Madame Oxacelay, Directrice vun der Stëmm vun der Stroos, bei eis ze begréissen.
Si huet de Schüler erkläert, wat dës wichteg Associatioun mécht, wéi si Mënschen an Noutsituatioune betreit a fir wéi eng Wäerter si sech am Alldag asetzt. Dës Rencontre huet de Schüler e ganz konkrete Bléck an d’Realitéite vu Leit ginn, déi op Ënnerstëtzung ugewisen sinn, an huet gläichzäiteg gewisen, wéi vill Wäert zivilgesellschaftlecht Engagement ka hunn.
D’Schüler haten och d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen an esou méi déif an den Alldag an d’Aarbecht vun der Stëmm eragefouert ze ginn.
Zum Ofschloss gouf och d’Iddi ugeschwat, an Zukunft eventuell un engem gemeinsame Projet zesummenzeschaffen.
Mir soen der Madame Oxacelay e grousse Merci fir dës beräicherend Visite an déi wäertvoll Inspiratioun, déi si eise Schüler mat op de Wee ginn huet.
» photos



