
Responsabel investéieren – Fit for Life
L'entrepreneuriat à l'ECG | 15.10.2026De 14. Oktober 2026 war d’Ala Presenti bei de Schüler vun der 2CN am Kader vum Cours Activités Entrepreneuriales op Besuch. D’Interventioun gouf zesumme mat der JEL an der ALFI am Kader vum Programm Fit for Life organiséiert.
Op eng interaktiv a praxisno Manéier kruten d'Schüler en Abléck an d’Welt vum verantwortungsvolle Investéieren. Si hunn déi wichtegst Begrëffer wéi Aktien, Obligatiounen, ETFen a Fongen kennegeléiert a geléiert, wéi een säi Geld bewosst a mat engem ugepasste Risiko uleeë kann.
E grousse Merci un d’Ala, d’JEL an d’ALFI fir dës spannend an informativ Interventioun!
» photos


