
ECG@Pop-up Store
L'entrepreneuriat à l'ECG | 22.04.2023Haut, den 22. Abrëll 2023, verkafen di 7 Mini-Entreprise vum ECG hier Produiten am Pop-Up Store an der rue Origer an der Stad. Dës Initiativ berout op enger flotter Partnerschaft tëschent dem ECG an der Stad Lëtzebuerg, a fënnt dëst Joer scho fir d'drëtt statt. Vertruede ware Beeluxe mat engem Lëpsebalsam aus Hunneg a Beiewues, Innovative Packaging mat enger anti-gaspi Verpackung fir Nuddelen, Melly's mat vegane Kamellen an der Form vum roude Léif, De Muppesnack mat engem gesonde Snack fir Hënn, Muppstery mat enger Mystery Box mat Produite fir den Hond, Tree-Shirt di second-hand Kleeder fir ee gudden Zweck verkafen, an Ties&Scarves mat Krawatten a Schalen aus recycléiertem a fair gehandeltem Stoft. D'Schüler haten soumat eng wonnerbar Geleeënheet fir hier Produiten dem Public ze presentéieren an ze verkafen.
» photos