
Diplomiwwerreechung 2026
ES | 08.07.2026En Dënschden, de 7. Juli, huet, ënnert der Präsenz vun der Madamm Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung a fir Fuerschung an Héichschoul, d’Diplomiwwerreechung stattfonnt. Am Bäisi vu Famill, Frënn, Enseignantë souwéi der Direktioun konnten sech d’Schüler iwwer hire wuelverdéngte Schoulofschloss an op de Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Marco Kremer, dem Direkter honoraire Joseph Britz an der Ministesch Stéphanie Obertin, huet och d’Schülerin Elisabeth Flammang d’Wuert un de Plenum geriicht. Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënner hinnen ausgezeechent. E grousse Merci geet un d’Banque Raiffeisen, d’Fondation ABBL pour l‘éducation financière, d’Chambre de Commerce, Maâ-oui an d’Chambre des Salariés déi dës Präisser gestallt hunn.
Eis Felicitatioune ginn un all eis Laureaten.
Weider Fotoen kommen no.
» photos


