passer au contenu principal passer au menu principal

SPEED-TYPING 2026

Accueil | 13.06.2026

Diplom- a Präisiwwerreechung vum 12. Mee 2026

Den 12. Mee 2026 huet am Lycée Technique du Centre d’Diplom- a Präisiwwerreechung vum nationale Speed-Typing Concours stattfonnt. An enger angenehmer an feierlecher Atmosphär goufen déi bescht Participanten a Participantinnen ausgezeechent.

De Concours, dee vum 12. Januar bis den 13. Februar 2026 stattfonnt huet, gouf dëst Joer schonn déi 12. Kéier vun der AETCO (Association des enseignants en techniques de communication et d'organisation) organiséiert.

De Concours besteet doran, dräi Texter um Ecran ze liesen (op Franséisch, Däitsch an Englesch) an dës hannerteneen um Computer mat der 10‑Fanger‑Technik ofzetippen. All Participantin, déi d'Aufgab an allen dräi Sproochen erfollegräich meeschtert, kritt en Diplom iwwerreecht.

Den ECG ass zënter der éischter Editioun mat dobäi a war och dëst Joer nees mat enger grousser Unzuel vu Schülerinnen a Studentinnen vertrueden. Mir freeën eis iwwer déi gutt Leeschtunge vun eisen 32 Kandidaten a Kandidatinnen.

Mir gratuléieren all eise Schülerinnen a Studentinnen häerzlech zu hirer Participatioun an hire gudde Resultater a soen hinne Merci fir hiren Asaz an hiert Engagement.

Ganz besonnesch Félicitatiounen ginn un d’Ariana Da Silva Marques, déi sech den Titel vun der Vize‑Championne an der Kategorie > 20 Joer séchere konnt. Op dës Leeschtung si mir ganz besonnesch houfreg.