passer au contenu principal passer au menu principal

Schoulausflug vun der 2GMM2 op Frankfurt

ES | 05.06.2025

Dës Woch hat d'Klass 2GMM2 d'Geleeënheet, en edukative Schoulausflug op Frankfurt ze maachen. Nieft villfältegen Aktivitéiten an der Grupp, stoung och e Besuch am Geldmusée vun der Deutschen Bundesbank um Programm. Do kruten d'Schüler spannend Ablécker an Themen wéi Inflatioun a Geldfälschung. Ausserdeem hu si och d’Kommunikatiounsmusée besicht, wou si vill iwwert d’Auswierkungen an d’Asazméiglechkeete vun kënschtlecher Intelligenz an ënnerschiddleche Beräicher geléiert hunn.




» photos