passer au contenu principal passer au menu principal

Visitt De Schnekert

L'entrepreneuriat à l'ECG | 31.01.2026

Am Kader vun den Activités entrepreneuriales hat d’Klass 4GCM1 d’Méiglechkeet, eng Visitt beim Traiteur Schnekert ze maachen. D’Schüler kruten dobäi en detailléierten Abléck an de Produktiounsprozess – vun de Matières premières bis zum fäerdege Produkt, esou wéi e spéider am Buttek verkaaft gëtt.

Well si am Laf vun der Semaine entrepreneuriale och selwer un eegene Produite geschafft hunn, konnt dës Visitt hinnen hëllefen, e konkrete Lien tëscht Theorie a Praxis hierzestellen an ze verstoen, wéi Entreprisen am Alldag funktionéieren.

Mir soen dem Schnekert e grousse Merci fir den häerzlechen Empfang an dëse flotte, léierräiche Moien.




» photos