
Contra Spem Spero - Contre tout espoir, j’espère
ES | 18.06.2024Fir de Mount Juni huet den ECG d’Expositioun „Contra Spem Spero“ am Lycée, déi realiséiert ginn ass vun der „Maison Citoyenne de la Commune de Mamer“. Dës Expo gräift d'Thema „Flucht a Krich“ ob. Et handelt sech em sechs Panneau'en mat sechs Personnagen déi an der Gemeng Mamer liewen. Si all erzielen hir perséinlech Geschicht wéi si een Krich mat erlieft hunn, vum zweeten Weltkrich bis zu deenen aktuellen Konflikter. D’Schüler kënnen sech mat deenen eenzelen Personnagen befaassen an deem se de Panneau analyséieren oder mat engem QR Code sech déi verschidden Temoignage ukucken. Dës Expo vermëttelt wéi een Impakt ee Krich ob een perséinlecht Liewen kann hunn, mee se vermëttelt och, datt de Mënsch nët opgëtt an ob eng besser an eng méi friddlech Zäit hofft.
» photos