passer au contenu principal passer au menu principal

Teambuilding 2e

ES | 22.10.2026

An der Woch vum 5. Oktober stoung bei eisen 2e Klassen alles am Zeeche vum Teamgeescht, der Zesummenaarbecht an och e bëssen vum Éiergäiz!
Iwwer véier Deeg sinn all Dag zwou Klassen a véier verschiddenen Aktivitéite géint eneen ugetrueden. D'Zil war et als Klass zesummen ze schaffen fir esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen!
Well d'Schüler dëst Schouljoer an nei Klassen opgedeelt goufen, war den Teambuilding och eng flott Geleeënheet, sech besser kennenzeléieren, gemeinsam Erausfuerderungen ze meeschteren an den Zesummenhalt an de Klassen ze stäerken.
Als Ofschloss vun all Dag huet eis Direktioun fir d'Schüler gegrillt.
E grousse Merci un all déi Bedeelegt fir déi véier flott Deeg!




» photos