passer au contenu principal passer au menu principal

Weltfraendag

ES | 10.03.2023

Den Mëttwoch, den 08. Mäerz huet de Schülercomité Aktivitéiten ronderëm de Weltfraendag am ECG organiséiert. D’Schüler vu 4e bis 2e sinn versat an de Festsall geruff ginn, a konnten do der Madamm Lida Palacios hir Erfarungen aus engem éischter „Männerberuff“ nolauschteren a Froen stellen. No dësem interessanten Virtrag, sinn d’Schüler dunn a Gruppen agedeelt ginn, wou si un Debaten hunn missen deel huelen. D’Jongen hunn sech missen an d’Roll vun enger Fra versetzen an sech mat Themaen wéi Chancëgläichheet oder Ofdreiwung beschäftegen. Ee groussen Merci un de Schülercomité an hiren Engagement vir Aktivitéiten vir de Weltfraendag bei eis an der Schoul ze organiséieren.




» photos