passer au contenu principal passer au menu principal

Debate day avec Monsieur Claude Wiseler

ES | 15.06.2026

De 15. Juni haten d’Schüler vun den 2e d’Geleeënheet, sech mam Här Wiseler auszetauschen. Hien huet hinnen en interessante Bléck a seng Roll als Chamberpresident ginn an Abléck an d’Aarbecht vun der Chamber vermëttelt.
An uschléissend Diskussioune konnten d’Schüler sech mat véier aktuellen Themen auserneesetzen: dem Militärdéngscht, der Kriminalitéit zu Lëtzebuerg, der Representatioun vun de Jonken an der Politik souwéi der direkter Demokratie.
E spannenden a beräicherenden Austausch, deen de Schüler erlaabt huet, hir Meenungen anzebréngen an d’Politik aus éischter Hand kennenzeléieren.




» photos