passer au contenu principal passer au menu principal

Schachmatch

ES | 17.12.2025

De 17. Dezember huet am Festsall op der Bün e Schachmatch vun de Superlative stattfonnt:

Eise fréiere Professer an der Mathematik, Jean-Paul Schreiner, dee wärend méi wéi engem Véierelsjoerhonnert d’Flam vum Schach am ECG héichgehalen huet, an Honnerte vu Schüler d’Léift zu deem Sport vermëttelt an hinnen d’Finessen dovu bäibruecht huet, ass ugetruede géint den FM Nicolas Bourg, Schüler op der 4e, frëschgebakene FIDE MASTER, dee bei der Club-Europameeschterschaft a Griicheland sechs vu senge siwe Partië gewonnen huet.

Virun engem Publikum vu ronn 70 Schüler(innen) a Student(inn)en, déi mat grousser Spannung an Opmierksamkeet de Match verfollegt hunn, hunn déi zwee Kontrahente sech dräi héichklasseg a ganz ausgeglache Partië geliwwert.

Déi dräi Partië goufen um Enn op Zäit entscheet an de jonke FIDE Master konnt sech dobäi 2:1 duerchsetzen. Besonnesch d’Schlussphas vun der drëtter Partie huet d’Publikum begeeschtert.

Felicitatiounen eisen zwee Spiller, fir déi léierräich Partien, op héijem Niveau. Si waren déi gréissten Ambassadeure vum „kinnegleche Spill“, vum géigesäitege Respekt, Intelligenz, Präzisioun, Strategie, Disziplin, Gedold, Viraussiicht, Dialog tëschent de Generatiounen... bei esou ville Jonken; an dat alles op eng ganz nobel a bescheiden Aart a Weis.

Nom Match krute béid Spiller vum Här Britz eng symbolesch Trophée iwwerreecht an all Gutts gewënscht fir d’Schachekipp am neie Joer, déi mat dësem héichkarätegen Evenement lancéiert gouf. Dobäi gouf och e waarmen Opruff un all Schach-begeeschtert Schüler a Schülerinne gemaach, sech unzemellen.




» photos