
D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Accueil | 14.05.2024Vum 6. bis den 10. Mee war d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) am Festsall vum ECG ze gesinn. D’Klasse vu 4e, 3e an 2e, dat heescht déi dräi Joergäng déi zënter der Rentrée 2021 am neie System Lëtzebuergesch op der Quatrième haten, hunn d’ganz räichhalteg Expo besicht, ënnert der Leedung vun de Sproochexpert(inn)e vum ZLS. Och d’1STMG an d’BTSen Assistant de Direction an Assistant Juridique, déi Lëtzebuergesch an hirem Curriculum hunn, waren d’Ausstellung besichen.
Do konnte si op eng ofwiesslungsräich an deelweis spilleresch Aart a Weis d’Konzept vun enger Sprooch ënner d’Lupp huelen, verschidden Opfaassunge vu Méisproochegkeet entdecken, eng ganz Rei Dialekter kenne léieren, den Impakt vun de Medien op d’Sprooch verstoen an d’Evolutioun am Laf vun den zwee leschte Joerhonnerten - vun enger Mondaart zu enger moderner, lieweger Sprooch novollzéien.
Fir ofzeschléissen ass de Schülerinnen a Schüler hiert Wëssen an engem Quiz op d’Prouf gestallt ginn an si konnte Bicher a Gadgete gewannen.
Och d’Léierpersonal krut eng gutt besichte Formatioun vum ZLS offréiert.
E grousse Merci alle Bedeelegten, fir den Engagement an d’flott Zesummenaarbecht!
» photos