passer au contenu principal passer au menu principal

Trash Value Challenge op den 4GCM

Youth Start Challenges | 29.04.2023

Eis 4èmen hunn d’Semaine entrepreneuriale vum ECG genotzt vir um Trash Value Challenge deelzehuelen. Si hunn aus Produiten, di am Fong ewech geheit géifen ginn (ewéi eidel Plastiksfläschen, Béchsen, Shampoingsfläschen, Stepp, Pabeier, ...) een neie Produit gemaach (Upcycling) an sech iwwerluecht ewéi een de Produit kann vermaarten. En Donneschden hunn si hir Ergebnisser dann engem Jury an den anere Schülerinnen a Schüler presentéiert.

Hei nëmmen ee puer vun hire ville flotte Produiten:
• Ee Portmonni aus eidele Gedrénksverpackungen
• Ee Stull aus Béchsen
• Schosselen aus Pabeier
• Een Handyhalter aus enger aler Shampoingsfläsch
• Spuerbéchsen
• Spillautoen
• Blummendëppen aus ale Fläschen
• Eng Luucht aus enger Fläsch
Gratulatioun un di dréi Gewënnerekippen!




» photos