passer au contenu principal passer au menu principal

Diplomiwwerreechung 2022

ES | 12.07.2022

En Mëttwoch, den 6. Juli, huet, ënnert der Presenz vum Här Pierre Reding, Premier Conseiller de Gouvernement an der Madamm Marielle Wirtgen, Commissaire du Gouvernement am Educatiounsministère, d'Diplomiwwerreechung stattfonnt.

Am Bäisinn vu Famill, Frënn, Enseignantë souwéi der Direktioun konnten sech d'Schüler iwwert hiren wuelverdéngten Schoulofschloss an op de Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Joseph Britz, huet ënnert anerem och de Pierre Reding, d'Wuert un de Plenum geriicht.

Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënnert hinnen ausgezeechent. De Max Welter krut als beschte Schüler vun der Finanz-Sektioun eng Bourse an Héicht vun 1000 Euro vum Här Mathieu vun der BIL iwwerreecht. D'Laura Banchieri krut als beschte Schülerin vun der Medien, Marketing a Kommunikatiouns-Sektioun eng Bourse an Héicht vu 500 Euro vum Här Eischen vu Concept Factory iwwerreecht. Des Weideren hunn och, wéi all Joer, d’Chambre de Commerce, d‘Chambre des Salariés an den Elterecomité de beschte Schüler een Präis ginn.

Fir Ënnerhalung wärend der Zeremonie huet d'Chorale aus dem ECG gesuergt.




» photos