passer au contenu principal passer au menu principal

Lëtzebuerg vertrueden um European Money Quiz zu Bréissel!

ES | 05.06.2025

Zwou engagéiert Schülerinnen aus der 4GCM haten d’Geleeënheet, Lëtzebuerg beim European Money Quiz - Financial Literacy Competition, organiséiert vun der European Banking Federation (EBF), ze vertrieden.

Zesumme mat Jonker aus 30 europäesche Länner hunn si hiert Wëssen ënner Beweis gestallt – mat engem super Resultat: 17 vun 20 Froen richteg beäntwert! Eng top Leeschtung op internationalem Niveau!

Nieft dem Quiz haten si och d’Méiglechkeet, d’Europäescht Parlament, de Wikifin Lab an Euronext ze besichen an un enger guidéierter Tuer duerch Bréissel deelzehuelen.

Eng onvergiesslech Erfarung, déi hinnen nach laang an Erënnerung bleiwe wäert. Mir gratuléieren hinnen nach eng Kéier ganz häerzlech – si kënnen houfreg op sech sinn!✨




» photos