passer au contenu principal passer au menu principal

Erasmus Tallin 2021

Équipe | 10.11.2021

Am Kader vum Projet ERASMUS Entrepreneuriat si 6 Schüler an 2 Enseignanten aus dem ECG vum 18.10.2021 – 22.10.2021 op Tallinn (Estland) geflunn. Zesumme mat de Partnerschoule Kohila Gymnasium (Kohila - Estland), Transilvania College of Economics (Targu Mures - Rumänien) an Economics and Administration High School (Split – Kroatien) ass en Entrepreneurship Camp zu Kohila organiséiert ginn.
Wärend dësem Meeting an Estland konnten d’Participante sech "Birch Plywood Factory", de "Tehnopol Startup Incubator" an de "Seaplane Harbor Museum" ukucken. Ausserdeem ass nach eng "Moorwanderung" gemaach ginn a Schüler aus Kohila hunn e flotten Tour duerch hier Haaptstad Tallinn organiséiert.
Haaptsächlech hunn d'Schüler wärend dem “Entrepreneurship Camp” e gemeinsame Produit entwéckelt a geléiert dësen als “Pitch” ze präsentéieren. De nächste Projet ERASMUS fënnt am Mäerz zu Lëtzebuerg statt, hei gëtt de Schwéierpunkt op de Marketing vun de Mini Entreprisen geluecht.




» photos