
Speed-typing 2024
Accueil | 21.05.2024Dëst Joer ass et fir déi 10. Kéier, dass den nationale Speed-Typing Concours vun der AETCO (Association des enseignants en techniques de communication et d'organisation) organiséiert gouf. Wéi all Joer, war och den ECG bei dësem 10.Concours nees mat senge Schüler*innen a Student*inne gutt vertrueden. D’Diplom- a Präisiwwerreechung gouf dëst Joer am Maacher Lycée gefeiert. Den ECG ass stolz excellent Resultater kënne virzeweisen.
Een Diplom (Reussite vun 3 Vitessen an 3 Sproochen) kruten :
• André Araújo Leite (Kategorie 0 – 16 Joer)
• Melissa Peixoto Costa (Kategorie 17 – 20 Joer)
• Joana Fernandes Oliveira (Kategorie 17 – 20 Joer)
• Flávio Lino Lucas (Kategorie > 20 Joer)
• Meryem Boukharouba (Kategorie > 20 Joer)
Vill weider Schüler*innen a Student*inne kruten ee Certificat well si eng oder zwou Vitesse gepackt hunn.
Merci a Felicitatiounen u jidereen, deen dëst Joer beim Concours matgemaach huet.
» photos