passer au contenu principal passer au menu principal

Visitt am Nationalmusée fir Naturgeschicht

ES | 17.06.2019

En Méinden, den 17. Juni 2019, war d´3GCM3 op Visitt am Nationalmusée fir Naturgeschicht.

Begleet vum Här Sylvestrie an der Madamm Puentedura, hunn d´Schüler en Abléck an d´Thema "Klimawandel" kritt. Si hunn dobäi erausfonnt, wei sech d´Klima am Laf vun den Joerdausenden op der Äerd an och zu Lëtzebuerg verännert huet an wei eng Auswierkungen d´Agräifen vum Mënsch op den natierlechen Zyklus huet. Unhand vun enger praktescher Aarbecht kruten si weiderhin eng Virstellung dovunner, wei d´Aarbecht vun engem Klimafuerscher ausgesäit, andeems si d´Entwécklung vum Klima unhand vun Fossilien erfuerscht hunn.


» photos