
Filmprojet mam CNA zur kënschtlecher Intelligenz
ES | 18.05.2026Am Kader vum Filmprojet mam Centre National de l’Audiovisuel (CNA) huet eis 2GDL zesumme mat e puer anere Schüler en Interview fir en Dokumentaire iwwert kënschtlech Intelligenz a Medien duerchgefouert.
De Mëttwoch, den 13. Mee, huet den Tournage bei eis am Haus stattfonnt. Dobäi kruten d’Schüler en éischten Abléck an d’Welt vum Film an haten d’Méiglechkeet, selwer Opnamen ze maachen an aktiv um Dréibetrib deelzehuelen.
» photos


