skip to main content skip to main menu

Visitt vun SIDOR

Entrepreneurial weeks | 01.05.2023

E Freideg, den 28.04.2023, huet d'Klass 4GCM3 am Kader vun der Semaine Entrepreneuriale de SIDOR zu Leideleng besicht. D'Schüler kruten als éischt eng ganz flott Presentatioun gewisen an hunn doropshin de Site besicht. Do kruten si de ganze Prozess vun der Offallverbrennung erkläert. Déi ganz Woch iwwer haten d'Schüler un der Trash Value Challenge deelgeholl fir aus recycléierbarem Material e neien Objet hierzestellen. Duerch d'Visitt sinn si nach eng Kéier sensibiliséiert ginn an hu geléiert wei vill Offall zu Lëtzebuerg entsteet, wat domat geschitt a wéi wichteg d'Offalltrennung ass.




» photos