
Diplomiwwerreechung 2021
ES | 09.07.2021En Mëttwoch, den 7. Juli, huet, ënnert der Presenz vum Här Pierre Reding, Premier Conseiller de Gouvernement au Ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, d'Diplomiwwerreechung stattfonnt.
Am Bäisin vu Famill, Frënn, Enseignantë souwéi der Direktioun konnten sech d'Schüler vun der 1eGCG an der 1eGCC iwwert hiren wuelverdéngten Schoulofschloss an op de Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Joseph Britz, huet ënnert anerem och de Pierre Reding, d'Wuert un de Plenum geriicht. Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënnert hinnen ausgezeechent. Fir Ënnerhalung wärend der Zeremonie huet d'Chorale aus dem ECG gesuergt.
» photos