
Entreprise KLIN
L'entrepreneuriat à l'ECG | 26.06.2023De Pit Zens huet de 4e Schüler, am Kader vun « Entrepreneuriat » seng Entreprise « KLIN » virgestallt, déi hien op eegen Initiative virun knapp 6 Joer (2017) gegrënnt huet.
KLIN ass eng Wäscherei a Botzerei, déi all Zorte vun Textilien botzt. De Client huet d’Méiglechkeet seng Kleeder bei KLIN ofzeginn an dono ofzehuelen oder de Client kann vum Service « Pickup & Delivery » profitéieren.
Fir d’Schüler an d’Enseignanten war et een immens intressanten an authenteschen Temoignage vun engem jonken Entrepreneur. Et sinn ganz vill Froen gestallt ginn an interessant Äntwerten geliwwert ginn.
Merci dem Här Zens a senger Entreprise.
» photos