skip to main content skip to main menu

CLIJA 1: Projet Stop&Go (Partie 1)

CLIJA | 20.01.2020

Wat ass de Projet Stop&Go? Et ass e Projet vun der CLIJA (Classe d’Insertion de jeunes adultes), also Jonker vu 16-18 Joer déi eréischt zënter kuerzem zu Lëtzebuerg sinn, déi aus ganz verschiddene Länner kommen, an wärend engem Schouljoer haaptsächlech Franséisch (15 Stonnen d’Woch), awer och Englesch, Lëtzebuergesch, Mathe, Info, Konscht an Turnen am ECG hunn. De Projet ass an zwou Partien (9. bis 13. Dezember) an (13. bis 17. Januar) opgedeelt, bei deem et haaptsächlech drëm geet fir ausserhalb vum Klassesall nei Kompetenzen ze entwéckelen. Thematesch geet et drëm fir eng emotional Analys an e Point ze maachen iwwert d’Vergaangenheet, dat heescht den eegene Liewenswee (Stop) an dann no vir ze goen, op déi aner Mënschen zouzegoen an eppes aktiv ze bewierken (Go). Déi zwee Deeler ginn all Kéiers duerch en Evenement clôturéiert.

Wat war den éischten Deel? An der éischter Presentatioun, déi den 13. Dezember stattfonnt huet, hunn d’15 Schüler vun der CLIJA 1, an enger Kombinatioun vu Choreographie an enger kuerzer audiovisueller Produktioun mat vereenzelte fiktiven Elementer, eng autobiographesch Duerstellung gemaach. Well dat awer oft ganz perséinlech an ergräifend Elementer sinn, déi d’Schüler do mam Publikum deelen, huet sech déi Virféierung un d’Enseignanten an d’Personal vum SSE geriicht.




» photos