
Teambuilding
Activités | 07.10.2025Dëst Joer sinn d’Schüler a Schülerinne vun de 4GCM Klassen an d’Klass 3CN op en Teambuildingausfluch op Lëltz gaange fir zesummen als Klass nach méi enk ze ginn. An enger wonnerbarer Naturkuliss konnt jidderee bei verschiddene Aktivitéiten seng Stäerkten entdecken an d’Kollektiv stäerken.
Op dem Programm stounge spannend Erausfuerderungen: Standuppaddelen um Waasser huet d’Balance an d’Koordinatioun gefuerdert, wärend d’Indoorklooteren d’Kraaft a de Mut getest huet. Beim Kanu fueren hunn d’Schüler geléiert, wéi wichteg Zesummenaarbecht ass, fir de Séi zesumme sécher ze meeschteren.
Natierlech huet och d’gemeinschaftlecht Mëttegiesse fir eng locker Stëmmung gesuergt, wou vill Gespréicher entstane sinn a nei Frëndschaften entstoe konnten.
Dës Erfarung huet net nëmmen d’Spill, d’Beweegung an d’Natur an den Zentrum gestallt, mee virun allem d’Zesummeliewen an den Teamgeescht vun eise Schüler gestäerkt. Mir freeën eis schonn op déi nächst Aktivitéit.
» photos