passer au contenu principal passer au menu principal

„A wou mam Krop geschafft gëtt, do ass de Fuuss um Still. Dem Michel Rodange seng Gesellschaftskritik am Renert“

ES | 18.03.2019

En Méinden, den 18. Mäerz 2018, gouf am Festsall d`Konferenz „A wou mam Krop geschafft gëtt, do ass de Fuuss um Still. Dem Michel Rodange seng Gesellschaftskritik am Renert“ ofgehalen.

D`Madamm Germaine Goetzinger, eemoleg Direktesch vum Lëtzebuerger Literaturzenter, huet den Schüler aus dem ECG den Auteur Michel Rodange, den historeschen Kontext vum ausgoenden 19. Joerhonnert an déi mol méi, mol manner verstoppten Gesellschaftskritik aus dem Rodange sengem Wierk Renert méi no bruecht. Begleet gouf si dobäi vum lëtzebuerger Schauspiller Steve Karier, deen verschidden Ausschnëtter aus dem Text virgedroen huet.


» photos