passer au contenu principal passer au menu principal

Dokumentarfilm “Discount workers” an Table ronde

ES | 08.10.2023

Mëttwochs de 4. Oktober, passend virum Walweekend, haten all eis 2e a 1re Schüler d’Opportunitéit enger Extravirféierung vun engem Dokumentarfilm mat anschliessender Table ronde mat Politiker bäizewunnen. Dobäi waren d’Madame Yuriko Backes (DP), d’Madame Liz Braz (LSAP), d’Madame Sam Tanson (déi Gréng), sou wéi den Här Marc Baum (déi Lénk), den Här Sven Clement (Piraten) an den Här Luc Frieden (CSV). Den Optakt vum Event huet den Här Jean-Louis Zeien vun der Initiative pour un devoir de vigilance Luxembourg gemaach, fir anschliessend dem Christopher Patz, Realisateur vum Film « Discount Workers » d’Wuert ze ginn. No enger kuerzer Presentatioun konnt de Public eng exklusiv Versioun vum Dokumentarfilm kucken, op Basis vun deem Froe vu Säite vun de Schüler bei enger Table ronde mat enger Rei Politiker konnte gestallt ginn. Wichteg Theme wéi eist Konsumverhalen, dignité humaine, sou wéi d’Necessitéit vu Mënscherechts- a Liwwerkettegesetzer op europäeschem Niveau konnten ugeschwat an diskutéiert ginn. Fir d’Schüler war et eng interessant Erfarung bei där si an Abléck an d’Iwwerleeunge vun deene verschiddene Politiker kréie konnten.

Artikel Paperjam:

https://paperjam.lu/article/lyceens-droits-homme-et-candid




» photos