
EPAS Together
20.11.2026Vum 18. bis den 20. November hate 6 Schülerinnen a Schüler d’Geleeënheet, um EPAS Together Event zu Frankfurt deelzehuelen.
Während dësen dräi Deeg konnte si nei Frëndschafte mat Jonken aus verschiddenen europäesche Länner knäppen, sech iwwer wichteg europäesch Themen austauschen an u spannenden Aktivitéiten an Diskussiounen deelhuelen. Ausserdeem hate si d’Geleeënheet, mat zwee Europadeputéierten ze diskutéieren an hinnen hir Froen ze stellen.
Eng flott Erfarung, déi den europäeschen Zesummenhalt an d’Bedeitung vun Demokratie an Zesummenaarbecht an de Mëttelpunkt gestallt huet!
» photos


