passer au contenu principal passer au menu principal

Porte ouverte 2024

Introduction | 07.05.2024

De 4. Mee war d'Porte ouverte vum ECG um Campus Geesseknäppchen. Vill Leit hunn sech iwwer eis Schouloffer an eis Schoul am Speziellen informéiert. Nierwend de Sektioune vum Enseignement secondaire général a classique goufen och déi fënnef Formatiounen am BTS virgestallt. Déi ganz Schoulgemeinschaft war präsent fir op d'Froe vun de Leit ze äntweren. Eng Besonneschkeet vum ECG ass den Entrepreneursgeescht. D'Visiteuren hunn op verschiddene Stänn d'Aktivitéite vun de Schüler konnten erliewen. Een Highlight war de Mystery Box Challenge un deenen d'Schüler vun enger 5G oder 4C konnten deelhuelen. Hei ass et drëms gaangen eng Geschäftsiddi zu engem Objet aus der Mystery Box ze entwéckelen an des virun engem Jury ze pitchen.
Sidd dir un eiser Schoul interesséiert dann informéiert iech op eisem Internet Site www.ecg.lu/portesouvertes oder maacht eis eng Mail op info@ecg.lu.




» photos