
Finall vun de Mini-entreprisen
L'entrepreneuriat à l'ECG | 23.05.2025Den 22. Mee huet am Kinepolis déi grouss Finall vun de Mini-Entreprisen stattfonnt. Elegantly Safe, d’Mini-Entreprise aus dem ECG, huet et net nëmmen ënnert déi 16 Bescht vun 117 Entreprise gepackt. Elegantly Safe ass am Gesamt-Klassement op déi exzellent zweet Plaz komm. Nieft dësem Präis, ass d’Equipe och mam „Innovation and Value Creation Award“ ausgezeechent ginn. An d’Luisa Jazaar, Member vun der Equipe, krut de „Leadership Award“ fir hir super Aarbecht.
» photos