passer au contenu principal passer au menu principal

Mockumentaries

ES | 14.05.2021

Den Yves Steichen, Historiker a Mataarbechter vum CNA (Centre national de l’audiovisuel), huet de 4. Mee 2021 ob der 2GMM am Mediencours iwwert Mockumentaries geschwat.
Dëst am Kader vun Éducation aux médias, wou d’Schüler/innen leieren, mat Fake News richteg ëmzegoen.
Mockumentaries si Filmer, bei deenen een denkt et wieren authentesch Dokumentarfilmer, se thematiséieren awer de facto fiktional Geschichten. D’Schüler/innen vun der 2GMM sollten derfir sensibiliséiert ginn, datt net all Dokumentatioun, déi echt wierkt, och echt ass.
Merci dem Yves Steichen fir seng interessant Präsentatioun.




» photos