passer au contenu principal passer au menu principal

Teambuilding 4e

SSE | 19.10.2026

Fir eis 4e Schüler ass et dëst Joer an de Marienthal gaangen, wou d'Kenneleieren an d'Zesummewuessen als Klass am Mëttelpunkt stoungen!

Um Programm stoungen ënner anerem Klammen, Tandem an Escape Game. Ob beim Iwwerwanne vun der Höhenangscht, beim gemeinsame Léise vu Rätselen oder beim Meeschtere vun aneren Erausfuerderungen, iwwerall waren Teamwork, Vertrauen a géigesäiteg Ënnerstëtzung gefrot.

Och beim gemeinsamen Iessen an op de Busreesen haten d'Schüler d'Geleeënheet, sech besser kennenzeléieren an nei Frëndschaften ze schléissen.

Begleet goufen d'Klasse vun hire Regenten an der jeeweileger Referenzpersoun aus dem Département EPS, déi d'Schüler esou och ausserhalb vum Schoulalldag besser kenneléieren konnten.




» photos