passer au contenu principal passer au menu principal

SPEED-TYPING 2025

ES | 11.06.2025

D’Diplom- a Präisiwwerreechung gouf dëst Joer am Lycée Technique d’Ettelbruck an enger flotter a convivialler Ambiance gefeiert. Et war déi 11. Kéier, dass dësen nationale Speed-Typing Concours vun der AETCO (Association des enseignants en techniques de communication et d'organisation) organiséiert gouf.
Den ECG ass vun Ufank un derbäi, an huet och dëst Joer nees mat enger ganzer Rei vu Kandidaten Deel geholl. Nei war, dass just déi Schüler*innen a Student*inne belount goufen, déi déi 3 Vitessen an deenen 3 Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch) gepackt hunn.

Stolz si mir op follgend Schüler*innen a Student*inne:
Kategorie 17 – 20 Joer
• André Araújo Leite
• Melissa Peixoto Costa
• Scarlett Raach
• Charlie Dahm
• Leandro Lavinas Gonçalves
• Alessandro Luchetti
Kategorie > 17 – 20 Joer
• Ariana Da Silva Marques
• Igor Marques De Jesus
• Flávio Lino Lucas
• Meryem Boukharouba
• Nicole Monteiro Cabral dos Reis
• Ivana-Alessandra Krombach
• Chiara Calamo

Merci a Felicitatiounen u jiddereen, deen dëst Joer beim Concours matgemaach huet.




» photos