
E Maskottche fir den ECG
Introduction | 20.10.2022Den ECG presentéiert säin neit Maskottchen.
De steet fir
- Courage, well d'Schoul net um Alen festhält mee sech traut nei Weeër ze goen.
- Dynamik, well d'Schoul ni roueg steet mee sech permanent weiderentwéckelt.
- Stäerkt, well d'Schoul op exzellent Partner kann zréckgräifen.
- Entschlossenheet, well d'Schoul d'Schüler beschtméiglech op d'Zukunft virbereed.
- Selbstbewosstsinn, well d'Schoul d'Schüler ënnerstëtzt sech ze entwéckelen an hier Stäerkten ze entdecken.
- Risiken a goen, well d'Schoul de Schüler d'Méiglechkeet gëtt iwwert hire Schied ze sprangen.
- Optimismus, well d'Schoul de Schüler bei bréngt Problemer als Erausfuerderungen ze gesinn.