
Studierees op Auschwitz
06.11.2026Vum 30. Oktober bis den 2. November hunn 10 Schüler vu verschidden 2e Klassen op eng Studierees op Auschwitz deelgeholl. Mat Schüler vun anere Schoulen a mat der Begleedung vun der ASBL Témoins de la Deuxième Génération, hunn eis Schüler als éischt Auschwitz 1 (Stammlager) an dann Auschwitz 2 (Birkenau) kënne besichen. An béide Lageren, hunn si och u Commemoratioun Zeremonien deelgeholl fir un déi dausende vu Judden an aner Opfer vun de Nazien ze gedenken. Nomëttes hunn si dunn un Atelieren deelgeholl fir hier Erfarungen ze verschaffen an ze beschwätzen. De leschten Dag konnten d’Schüler da Krakau entdecke virun deem si zeréck op Lëtzebuerg gefuer si.
» photos


