
Filmprojet mam CNA
ES | 16.10.2026Am Kader vum Filmprojet tëscht dem Centre National de l’Audiovisuel (CNA) an der École de Commerce et de Gestion, hunn sech d’Schüler aus der 1GDL (Sektioun Data Literacy) mam Här Thiltges a mam Här Richard den 1. Oktober 2026 getraff vir déi lescht Entscheedunge ronderëm den Dokumentarfilm den zënter Dezember 2025 a Produktioun ass ze huelen. Den Dokumentarfilm traitéiert KI a wéi sech de Konsum vun traditionell Medien entwéckelt. Déi nächst Etapp ass de Voice Over ze finaliséieren a domat eng Projektioun a noer Zukunft ze plangen.
» photos


