passer au contenu principal passer au menu principal

De Minister Meisch am ECG Podcast

03.11.2026

Am Kader vun der Semaine de la démocratie hat den Educatiounsminister Claude Meisch eis am ECG besicht. Bei dëser Geleeënheet hu mir d’Chance genotzt, fir mat him e Podcast opzehuelen.

Dobäi goung et net nëmmen ëm PISA, d’Educatioun an d’Bildungspolitik, mee och ëm méi perséinlech a méi onerwaart Froen. Esou hu mir ënner anerem erausfonnt, ob de Minister léiwer blo mécht oder knäipt!

Virwëtzeg? Da lauschtert eran a fannt et selwer eraus!

De Podcast fannt Dir op Spotify ënner „ECG Speak Up“ oder an eiser Rubrik Mediathéik.




» photos