passer au contenu principal passer au menu principal

Teambuilding à Lultzhausen

ES | 17.10.2022

Fir dass sech déi Klassen, déi am ECG nei zesummekomm sinn, besser kenneleiren, huet den SEPAS en Teambuilding fir dës organiséiert.

D’Klassen 4GCM1, 4GCM2, 4GCM3, 2STMG, 1STMG esou wei d’3CN hunn un dësem Teambuilding deelgeholl.

Et goufe verschidden sportlech Aktivitéiten zesummen ënnerholl. Nieft Canoe, Mountainbike, Kayak, Kloteren hunn d’Schüler och Geocaching an eng Course d’orientation gemeinsam absolvéiert an esou hiren Teamgeescht an Zesummenhalt gestäerkt.




» photos