passer au contenu principal passer au menu principal

Studierees ob Auschwitz

ES | 07.11.2022

Den ECG huet dëst Joer un der 25. Studierees ob Auschwitz deel geholl. 4 Schüler an 2 Enseignanten sinn duerch d’Stammlager an Auschwitz-Birkenau guidéiert ginn a konnten esou déi grausam Realitéit vun den Nazi-Verbriechen gesinn.
D’Impressiounen vun deenen Deeg hunn all Participant nees verdäitlecht wéi wichteg d’Erënnerung ass an dat een aus der Vergaangenheet soll léieren an een se ni vergiessen soll.
Den ECG seet der a.s.b.l. Témoins de la 2e Génération Merci vir déi Geleeënheet déi si de Schüler bidden un dëser memorabeler Rees deel ze huelen.




» photos