passer au contenu principal passer au menu principal

Visitt vum Lieu de Mémoire Cinqfontaines

ES | 01.05.2023

En Donneschden, den 27. Abrëll 2023, war d ́Klass 1STMG op Visitt beim Lieu de Mémoire Cinqfontaines.
En ganzen Dag laang hunn d ́Schüler an d ́Schülerinnen ënnert Uleedung vun den Formateuren des geschichtsträchteg Platz kennegeléiert. Sou hunn si z.B. an Gruppenaarbecht verschidden Biographien vun jiddeschen Mënschen, déi wärend der Nazioccupatioun an dem fréierenKlouschter internéiert waren, opgeschafft. Sie goufendobäigewuer,datd ́Nazien des Platz als Altersheem fir Persounen jiddeschen Glawens ausgewisen haten, dat awer trotzdeem och kleng Kanner an aner jonk Leit do ënnert schlechten Konditiounen gefaangen waren.

D ́Schüler hunn weiderhin den Site besicht, op deem weider Baracken hätten gebaut sollen gin, en Plang deen verworf gouf, wéi kloer war, dat et fir des Mënschen keng Zukunft méi sollt gin, an si vun Fünfbrunnen aus weider an Osteuropa deportéiert goufen.
Donieft krut d ́Klass Erklärungen zum Auschwitz-Monument,Detailer, déisibesonnesch interessant fonnt hunn.
D ́Klass war sech um Enn vun der Visitt eens, dat dësen trauregen Deel vun der Geschicht nimools dierf vergiess gin, an d ́Schüler an d ́Schülerinnen war frou, dësen Site dierfen kennegeléiert ze hunn.




» photos