skip to main content skip to main menu

Journée de la Mémoire de l’Holocauste

Humanitarian commitment | 03.03.2023

Méindes no der Vakanz, den 20. Februar huet den ECG eng Journée de la Mémoire de l’Holocauste am Lycée organiséiert. Wärend deem Dag hunn all eis 2e Klassen un Aktivitéiten deel geholl. Moies hu Sie an Atelieren geschafft, wou Sie sech mat de Kaarten vu 50faces a sou mat Personnagen beschäftegt hunn, déi eppes mam Zweeten Weltkrich ze dinn haten. Géint 10h konnten Sie dem Här Henri Juda nolauschteren deen hinnen seng Erfarungen a Familljegeschicht an engem emouvanten Virtrag erzielt huet. No enger klenger Mëttespaus, hunn d'Schüler dann selwer ee klengen Text verfaasst an deem Sie hir Gedanken a Gefiller niddergeschriwwen hunn. Mir soen nach eng kéier dem Här Juda Merci dat en sech Zäit geholl huet vir bei eis an de Lycée ze kommen an eis Schüler em eng Erfarung beräichert huet.




» photos