passer au contenu principal passer au menu principal

Diplomiwwerreechung 2023

ES | 13.07.2023

En Mëttwoch, de 5. Juli, huet, ënnert der Präsenz vum Här François Bausch, Vice-Premier Ministre an der Madamm Marielle Wirtgen, Commissaire du Gouvernement am Educatiounsministère, d'Diplomiwwerreechung stattfonnt. 

Am Bäisinn vu Famill, Frënn, Enseignantë souwéi der Direktioun konnten sech d'Schüler iwwert hire wuelverdéngte Schoulofschloss an op de Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Joseph Britz, huet ënnert anerem och de François Bausch, d'Wuert un de Plenum geriicht. 

Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënnert hinnen ausgezeechent. E grousse Merci geet un d’BIL, d’Markcom, d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Salariés an den Elterecomité déi des Präisser gestallt hunn.
Eis Felicitatioune ginn un all d'Premièresschüler a mer freeën eis besonnesch iwwert 79% direkter Reussite.




» photos