passer au contenu principal passer au menu principal

Simulationspill 3GCM1

ES | 31.03.2021

3GCM1 huet den Mëttwoch, den 31. Mäerz un engem Planspill deelgeholl, deen organiséiert gouf vum ZpB. An dëser Simulatioun ass et dorëms gaangen dat Schüler an engem imaginären Land "Fontanien" sech hunn missen mat der Covid Pandemie auserneen setzen. Schüler sinn an hir politesch Rollen geschlüpft an hunn an verschiddenen Sitzungen doriwwer debattéiert ob z.B. an Fontanien soll eng Maskenpflicht agefouert ginn oder wéi een méiglechen Impfstoff soll verdeelt ginn. Wärend dësen 180 Minutten hunn Schüler een Demokratie Verständnis entwéckelt an virun allem geléiert dat politesch Entscheedungen net ëmmer einfach ze huelen sinn. Een groussen Merci un den ZpB deen den Schüler Méiglechkeet gëtt un esou Simulatiounen deelzehuelen.




» photos