passer au contenu principal passer au menu principal

Fostering entrepreneurship through multicultural exchange

Équipe | 28.03.2022

Ënnert dësem Motto stoung eng Renconter tëscht Schüler an Enseignanten aus dem ECG mat hiren rumäneschen, esteschen an kroateschen Kolleegen.
Am Kader vun engem Erasmusprojet sinn déi Leit zu Lëtzebuerg am ECG zesumme komm.
D’Schüler hunn an Workshoppen zesummen un engem Projet geschafft. An klengen Gruppen an deem jeeweils en Schüler aus all Land vertrueden war, hunn si gekuckt wéi een déi Produiten vermaarten kennt déi an enger éischter Renconter vun hinnen an Estland erschafft goufen, respektiv hunn si e Video erstallt iwwert d’Aktivitéiten déi si zesummen gemaach hunn.
Et war vir eis Schüler den Challenge mat auslänneschen Schüler an enger friemer Sprooch als Team zesumme ze schaffen .
D’Enseignanten haten d’Geleeënheet sech iwwert den Enseignement vum Entrepreneuriat an de jeeweilegen Schoulen auszetauschen.

Um Programm stoungen an deem Sënn eng Rei interessant Visitten an Konferenzen:

  • wärend enger Visitt an der Bourse huet den Här Maurice Bauer ënnert anerem d’Wichtegkeet vun der Bourse vir eis Ekonomie erkläert,
  • an der House of StartUp an am CityInkubateur hunn den Här Philip Linster an den Här Bastian Berg gewisen wéi hei déi jonk Entreprisen ënnerstëtzt ginn,
  • an enger Konferenz ass d‘ Madamm Claudia Da Silva vun de Jonk Entrepreneur Lëtzebuerg drop agaangen wéi si zu Lëtzebuerg den Enseignement vum Entrepreneuriat an de Schoulen ënnerstëtzen,
  • eng Rei Schüler an Enseignanten aus dem ECG sinn ganz konkret op d’Sektiounen an d’Aktivitéiten aus der Schoul agaangen.
Am Kader vun dësem Erasmusprojet gesinn d'Schüler an d'Enseignanten sech  am Oktober 2022 an Kroatien an am Mäerz 2023 an Rumänien erem.


» photos