skip to main content skip to main menu

News

Visitt vum Educatiounsminister

Introduction | 08.03.2023

De Méinde 6ten Mäerz huet den Educatiounsminister Claude Meisch den ECG besicht an zwou Aktivitéiten gewise krut.

Read more



Erasmus+ an Rumänien

Team | 08.03.2023

Op der leschter Etape vun dem vum ECG organiséierten Erasmus Projet a Coopératioun mat Estland, Kroatien a Rumänien, konnten eis Schüler zu Târgu Mureş nierft neiem Input a puncto Entrepreneurship och en Abléck an verschidde Secteuren vun der rumänescher Wirtschaft a Kultur kréien. Dozou hunn och interessant Visiten vun enger Violins-Produktiounsstätt, engem historësche Musée an enger Traktersfabrik gehéiert, an nach méi!

Read more



Suity hero

Activities | 06.03.2023

Donneschdes den 2. Mäerz war d'2GMM1 ob Visitt um Gebai Konrad Adenauer um Kirchbierg, enger Annexe vum Europa Parlament. D’Schüler hunn do un engem Rollespill „Suity hero" deel geholl. Sie sinn a 6 Gruppen agedeelt ginn an all Grupp huet een Land representéiert a sollt sech erëm opbauen nodeems de Kontinent duerch ee Krich zerstéiert ginn ass. Ganz séier hunn d'Schüler festgestallt wéi komplizéiert et ass Handel ze bedreiwen a Material ze kréien wann een Grenzen huet, een Zoll an och verschidden Wärungen. Dëst Simulatiounsspill ass eng super Initiative vum EPAS an ass een flotten Einstieg an Thema EU.

Read more



Vente en Commun des Mini-Entreprises

Enterpreneurship at ECG | 04.03.2023

Le 3 et 4 mars 2023, les 7 mini-entreprises de l’ECG, à savoir Beeluxe, IP - Innovative Packaging, Melly’s, Muppstery, De Muppesnack, Ties&Scarves et Tree-Shirt ont participé à la Vente en Commun des Mini-Entreprises au Centre Commercial La Belle Etoile à Bertrange.

Read more



Journée de la Mémoire de l’Holocauste

Humanitarian commitment | 03.03.2023

Méindes no der Vakanz, den 20. Februar huet den ECG eng Journée de la Mémoire de l’Holocauste am Lycée organiséiert. Wärend deem Dag hunn all eis 2e Klassen un Aktivitéiten deel geholl. Moies hu Sie an Atelieren geschafft, wou Sie sech mat de Kaarten vu 50faces a sou mat Personnagen beschäftegt hunn, déi eppes mam Zweeten Weltkrich ze dinn haten. Géint 10h konnten Sie dem Här Henri Juda nolauschteren deen hinnen seng Erfarungen a Familljegeschicht an engem emouvanten Virtrag erzielt huet. No enger klenger Mëttespaus, hunn d'Schüler dann selwer ee klengen Text verfaasst an deem Sie hir Gedanken a Gefiller niddergeschriwwen hunn. Mir soen nach eng kéier dem Här Juda Merci dat en sech Zäit geholl huet vir bei eis an de Lycée ze kommen an eis Schüler em eng Erfarung beräichert huet.

Read more



Atelier YOUstice

ES | 23.02.2023

De Mëttwoch, den 22. Februar hunn Schüler vun der 3GCM2 um Atelier YOUstice deelgeholl. Dësen gët organiséiert an encadréiert vum ZpB. De ganzen Dag hunn d'Schüler hei d’Meiglechkeet d’Cité judiciaire an der Staat, méi genau de Site esou wei de Fonctionnement kennenzeléieren. Moies konnten Sie bei enger Sëtzung um Tribunal d’Arrondissement dobäi sinn a méi spéit haten se och d'Geleeënheet all hir Froen un een Staatsanwalt an eng Riichterin ze stellen. Mëttes hunn d'Schüler an Atelieren geschafft an hunn dann zum Ofschloss selwer eng Sëtzung nogespillt. Dësen Dag war eng flott Erfarung vir Sie an ass nëmmen ze recommandéieren.

Read more



L’ECG participe aux Championnats de Natation OPEN

Sport | 22.02.2023

Avant les vacances de carnaval se déroulaient les championnats de Natation OPEN à la Piscine du Geesseknäppchen. Deux élèves ont décidé de représenter l’ECG sur différentes distances de natation. Polina Gamasa de la 2GCF s’est alignée sur le 50 m Nage Libre et termine sa course à la 7ème place dans la catégorie « Juniores ». Senay Ocakdan a participé à deux courses. Lors du 400 m Nage Libre, il termine à une 5ème place dans la catégorie « Juniors ». Sur l’épreuve reine du 100 m Nage Libre, Senay termine à la 8ème place dans la catégorie « Juniors ».

Read more



L’ECG est représenté au Tournoi de Badminton pour non-affiliés FELUBA

Sport | 21.02.2023

Avant les vacances de carnaval, deux élèves de première ont représenté les couleurs de l’ECG lors du tournoi de Badminton pour non affiliés FELUBA. Louis Groos et Guillaume Felten ont donné leur maximum et finissent à une respectable 14ème respectivement 12ème place dans la catégorie « Seniors ». Respect à eux d’avoir donné de leur temps malgré leur emploi du temps chargé d’élèves de première.

Read more



D’Medien an d’Publictéitelandschaft zu Lëtzebuerg

ES | 20.02.2023

Am Kader vum Mediecours huet de Lou Scheider, fréieren Directeur Général vun IP Lëtzebuerg de Schüler vun der 2GMM1 an der 2GMM2 e ganz interessante Virtrag iwwer d’Medien an d’Publictéitelandschaft zu Lëtzebuerg gehalen.
Duerch dem Lou Scheider seng laangjäreg Erfarung, kruten d’Schüler Froen zu der Aarbecht bei IP, zu de verschiddene Beruffer am Medieberäich an den Tendenze vun der Publicitéit zu Lëtzebuerg beäntwert.

Read more



Carte des mobilités de l'ECG

Team | 20.02.2023

Carte des mobilités de l’ECG

En bleu : Projet « Fostering Entrepreneurship through Multicultural Exchange »
En orange : Projet « L’Euro : hier, aujourd’hui, demain »
En rouge : Mobilités du corps enseignant
En turquoise : Mobilités d’étudiants

Read more