Aktives Lernen

Projet « aktives Lernen » fir 4e Schüler aus dem ECG


mindmap-2123973_1920.jpgMadame Ewen an Madame Smit hunn am Abrëll mat 4 Schülerinnen (Kneip Caitlin, Panichi Lara, Nascimento Stephanie an Marques Nanci) un der Aktivitéit « Demokratiekulter an eisen Lycéeën : matschwätzen, matentscheeden a matgestalten » deelgeholl. Dës gouf vum Mouvement Ecologique, senger Jugendbeweegung Move, dem Zentrum fir Politesch Bildung (ZpB), der CNEL, dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an dem Œuvre Nationale de Secours organiséiert.

Bei dëser Entrevue koum eraus, dat Schüler sech gären géingen selwer méi abréngen. Si wéilten gären Deeler an Inhalter vum Cours matbestëmmen. Des weideren géingen si et flott fannen och aner Themen déi net um Programm sinn op ze schaffen. Dëst an Form vun Gruppenaarbechten, interaktiv Aktivitéiten an klasseniwwergräifend.

Doropshin ass d’Iddi entstanen mat den 4e Klassen genau esou een Projet ze maachen, deen ënnert dem Motto vum « aktives Lernen » leeft.

Souwuel Enseignante wéi Memberen aus dem SePAS hunn sech Gedanken gemaach, wéien Thema een kéint mat den Schüler traitéieren. Dobäi sinn véier ganz ënnerschiddlech an interessant Atelieren entstanen.
Déi verschidden Gruppen gesinn sech zwee Deeg am Trimester. Wärend dësen Deeg sinn si vum normalen Schoulcours fräigestallt an huelen un engem vun dësen Atelieren deel. Déi éischt Seance ass den 4. an 5. November 2019.

Atelier 1: Den Zweeten Weltkrich interaktiv

An dësem Atelier geet et dorëms den Zweeten Weltkrich ob verschidden Aart an Weisen kennen ze léieren. Dorënner gehéieren zum Beispill: Nazipropaganda ze analyséieren, Video selwer ze dréinen, un engem Rallye deelzehuelen an nach villes méi. Geschicht kann och spannend sinn dat kritt dir an dësem Atelier gewisen.

Atelier 2: Environmental awareness

Am Grupp "environmental awareness" geet et drëm d’Schüler iwwert d’Problematik vum Klimawandel ze sensibiliséieren. Si sollen verstoen a wéi fern si zum Klimawandel bäidroen (wéi Klimafrëndlech ass mäin Liewen iwwerhaapt) a wat se kenne maachen fir hiren Karbon footprint, Konsum an Plastikverbrauch ze reduzéieren.

Méiglech Aktivitéiten sinn: Visitt vun OUNI (Bonnevoie - magasin bio sans emballages), Benu Village (Esch - eng Plaz vu proppere Produiten), Botzaktiounen (bei gudder Féierung villäicht ob enger Plage), Swap (d’Schüler organiséieren en Tauschmaart), Opféierung vun engem Theaterstéck mat engem Workshop.

Dësen Atelier ass fir jiddereen deen bei Fridays for Future protestéiert huet :)

Atelier 3: Déiereschutz = Naturschutz

An dësem Atelier geet et drëms iech fir den Déiereschutz ze sensibiliséieren. Dobäi bleiwen mir net just beim Thema „Hond a Kaz“ mee dat geet iwwer zu den wëllen Déieren am Bësch bis hin zu de Beien. Heibäi kommen mir net laanscht d’Thema Naturschutz, wat och eng grouss Roll am Déiereschutz spillt. Mir maachen eng Verbindung  vun Theorie a Praxis. Dorënner virstellen kann een sech verschidden Treffen mat Leit, déi am Déiereschutz täteg sinn; Gesetzer a Lëtzebuerg an an Europa; Visitt vun engem Déierenasyl; Botzaktioun am Bësch an nach vill weider Aktivitéiten. Mellt iech un a loosst iech iwwerraschen.

Atelier 4: Well-Being

Ziel vun dësem Atelier ass et, d’Wuelbefannen vum Schüler ze stäerken. Seng eegen Stäerken kenneléieren, Entspanungstechniken léieren, Capoeira, Aktivitéiten zum eegenen Kierperbild, gesond Ernährung an nach villes méi erwaart iech. Et ass virgesinn zwee mol an den Mariendall ze goen, wou dir eng Kéier um Feier kacht an déi aner Kéier eng Foto Sessioun maacht.

Fridays for future im Theater

28.01.2020

13 Schüler aus der Gruppe „Nachhaltig leben“ des diesjährigen 4e-Projekts „Aktives Lernen“ hat es am letzten Freitag ins Theater verschlagen.

Lire la suite



Projet Well-being

20.11.2019

An dësem 1. Module vum Projet hunn d’Schüler sech mam Thema "Charakterstärkten a Kierperbild" auserneegesat.

Lire la suite



Atelier 2. Weltkrich

20.11.2019

Am Kader vum « aktiven Lernen », hunn eis 4e Schüler den 1. Module matgemaach. Héi ass et virun allem dorëms gaangen, den Schüler en klengen theoreteschen Background ze ginn. Dëst ass interaktiv, mat Videoen, Quiz an Filmer gemaach ginn.

Lire la suite



4e-Schüler besuchen das BeNu Village in Esch-sur-Alzette

05.11.2019

Im Rahmen des Projektes „Aktives Lernen“ besuchten am 5. November 2019 15 Schüler unterschiedlicher 4e-Klassen das BeNu Village in Esch-sur-Alzette.

Lire la suite



first previous next last